11

Gudde Moien alleguer!

No enger intensiver Woch am spéitsummerleche Waldkraiburg sinn d’Cheyenne, de Favour, den Olivier, d’Ana an de Manuel mat hiren dräi Enseignante nees gutt zu Lëtzebuerg ukomm.

Nieft de villen Andréck vu Bayern, dem Chiemsee, München a Mühldorf hunn sech bei Schüler an Enseignante gläichermoossen nei Frëndschafte gebilt. Eis ass opgefall, dat et net nëmmen zu Lëtzebuerg vill Immigratioun gëtt (Waldkraiburg ass eng Stad, déi vun Immigrante gegrënnt a bis haut bevëlkert gëtt) an dat och net nëmmen zu Lëtzebuerg vill Sprooche geschwat ginn.

D’Resultat vun eiser Aarbecht am Kader vum Erasmus+ Projet „Spuren von Gestern im Heute“ ass e ganz flotte Spadséierwee zu Waldkraiburg, bei deem Passante QR-Code fannen. Déi leeden nieft klengen Texter och zu innovative Videoen an esouguer zu engem Comic, mat deenen een sech kann iwwert d’Geschicht vu Waldkraiburg informéieren an déi d’Schüler aus de 4 Länner zesummen erschafft hunn.

Fir d‘Ana an de Manuel bleift virun allem d’Ofschlossiesse mat de Schüler aus den dräi Partnerlänner an Erënnerung. Si hu vill nei Léit kenne geléiert a wäerte mat hire neie Frënn och a Kontakt bleiwen.

D’Zitat vum Dag kënnt dës Kéier vum stellvertriedenden Direkter vum Gymnasium Waldkraiburg, dem HärFraundorfner: „Europe requires a lot of courage, Europe requires a lot of openess“. Dat hunn déi 4 Equippen aus Däitschland, der Slowakei, Spuenien an aus Lëtzebuerg bewisen! An dësem Sënn si mir all frou nees doheem ze sinn, a freeën eis op de nächsten Austausch am Mäerz, dës Kéier zu Lëtzebuerg!

Alles Guddes,

Äert LTB-Team Erasmus+ aus der VP: Cheyenne, Favour an Olivier aus der 6P1, Ana a Manuel aus der 5P1 an hir Enseignante Lydie Gaspar, Charel Biver a Max Baden
Trulli

 

 

Retour aux articles