Yemen PHOTO-2019-11-07-19-37-31

Am Mäerz 2019 hate mer d’Éier d’Mme Al Salami aus dem Yemen z’empfänken fir eise Schüler vun de 4e bis 2e de Reportage ze weisen « Enfants reporters de guerre ». Uschléissend zu der Projektioun hu mer eng aide humanitaire lancéiert am Kader vun eisem LT Bonne Action fir d’Finanzéierung vun enger Ecole éphémère mat ze ënnerstëtzen. Duerch d’Quête déi wärend der Projektioun stattfonnt huet, an den Erléis vun der Porte Ouverte hu mer et fäerdeg bruecht 1.124,85€ ze spenden. De Schüler an hiren Enseignant’en e grousse Merci fir dëse Succès.

 

D’Schoul gouf am September ageweit an erméiglecht et de jemenitesche Kanner an de Refugiécamp’en kenne scolariséiert ze ginn.

Retour aux articles