20210601 HipHop Marthon 6P1194615586 2968226753443666 3250999749767766889 n

D'Klass 6P1 vum Danielle Huijnen huet um Hip-Hop Marathon an Zesummenaarbecht mat de Rotonden deelgeholl.

Hei de Feedback: "Dëse Projet ass vum Lis Kirsch koordinéiert ginn. D'Schüler hunn hei geléiert selwer en Text opzesetze fir hire Song. 

?????D'Claude Kohnen an d'Lis Kirsch hunn zesumme mat der Klass e flotten Text geschriwwen.

Den David Galassi, en Intervenant vu de Rotonden huet mat de Schüler e Beat gesicht an hinnen erkläert wei een ob de Beat rappt. ????

Wéinst de sanitäre Mesuren si mir net an de Rotonden opgetruede mee mir hunn e Video gedréit ????.

E grousse Merci un den Olivier Villard deen all Vidéoen déi mir gedréit hunn zu engem flotte Clip zesumme gemixt huet. D'Resultat léisst sech weisen. Ech sinn als Régente ganz stolz op meng Klass an op hiert super Wierk.

Wann dir Loscht hutt kënnt dir iech de Video ukucken!" ???? ???? ???? ???????? ???? ????

Link ?? https://youtu.be/HhnfjkR-qiQ

#LTB #Innovativ #Engagéiert#Success #Cooltour

Retour aux articles