20220518 Visite Vatel G5IMG 4136

Gëschter war den Koch-G5 European Chefs Union mam Vatel Luxembourg op Visitt am LTB. Fir d'éischt hate mer e ganz flotten Echange zu deene verschiddene Formatiounen déi de Lycée technique vu Bouneweg am Gastronomie Beräich ubitt. (Méi Informatioune fannt der op eisem Site https://www.ltb.lu/offre/vue-d-ensemble-systeme-scolaire-et-offre-scolaire) Duerno hu mer eis zesummen d'Atelierssäll ugekuckt an eis Visiteuren hunn eis Schüler kennegeléiert. Zum Ofschloss hate mer e flott Mëttegiessen zesummen an eisem Restaurant wou eis Klassen e flotte Menü preparéiert a servéiert huet. Hei e puer Impressiounen vun eisem Moien zesummen. E grousse Merci dem Koch G5 European Chefs Union fir de flotten Echange. #LTB #kooperativ #innovativ #engagéier t#SectionGastronomique #Formationprofessionnelle #SustainableEntrepreneurialSchool #KochG5 #VatelClub

Retour aux articles