20221014 dornbirn Young chefsPicture7

Gestart sinn mir Freides um 7 :00 Auer zu Dikrech beim EHTL an hunn eis op den Wee gemaach, zu Bouneweg hunn mir nach e puer Schüler agesammelt an sinn Richtung Éisträich gestart.

No 2 Pausen an vill Kilometer sinn mir géint 16 :00 Auer zu Rankweil an Éisträich ukomm.

No enger klenger Paus um Zëmmer hunn mir eis op Show d’Ouverture gemaach.

Den Mike Pansi, President vum VKÖ an President vum Koch G5 huet den Programm vun deenen nächsten Deeg virgestallt

Dei verschidden Länner aus dem Koch G5 hunn sech virgestallt, dozou zielen : Éisträich, Südtiroul, Schwäiz, Däitschland an Lëtzebuerg.

Wärend deenen 3 Deeg hunn sech  250 Schüler konnten ënnereneen austauschen an zesummen un den Workshops deelhuelen

All Schüler hat Méiglechkeet sech an 10 verschidden Workshoppen anzeschreiwen.

Owes haten mir eng Länderparty, wou all Land seng Spezialitéiten virgestallt huet. Dëst Joer hat den LTB sec hem des Köstelechkeeten gekëmmert.

Samschdes Mueres sinn mir um 7 :30 mat enger gudder Taass Kaffi an den Dag gestart an ab 8 :00 sinn déi éischt Workshoppen ugaangen.

Mëttes géint 13 :00 Auer ass et eng kleng Verstäerkung gi an nom Mëttesiessen ass et weider gaangen mat den Workshops bis 19 :30.

Duerno haten mir eng kleng Party mat engem DJ bis um 23 :30.

Sonndesmuers hunn mir nach un 2 Virträg deelgeholl, eppes klengen giess an eis um 13 :00 op Heemrees gemaach. Um 21 :00 sinn  mir zu Dikrech am EHTL ukomm.

Merci den Schüler fir hiert Interesse an der Schoul dass mir un dësem Event konnten deelhuelen.

Hei e puer Virtreeg : 

Personnality unbd Perspektiven im Kochberuf by Markus August

Vegane Vielfalt by Viktoria Stranzinger

Techno auf dem Teller by Enrico Münker

Hei e puer Workshoppen : 

Sushi Workshop

Second cuts

Super Foof Hanf

Food an Flyvour-Schärfen Sie ihre Sinne

Pflanzliche Küche

Foodporn/Foodphotos

Gemüseschnitzen

Biersommelier

Schokolade 

Eisskulpturen

Barbecue

Rational

Barista

….

Retour aux articles