2023017 1TPCM Lucky Paws GEPRO JJnKFEtlgNgf6lOFkeFmSzA9vD6Es7Vr.png

Am Kader vun engem Schoulprojet hunn 6 Schülerinnen vun der Klass 1TPCM2 ee Projet iwwer Déieremëssbrauch gemaach, den sie Lucky Paws genannt hunn. D'Zil war d'Sensibiliséierung iwwer Déieremëssbrauch ze erhéijen. Ausserdeem leiden a stierwen vill Déieren un dësem Mëssbrauch. Den zweeten Zil war Geld ze sammelen fir un "Déierenasyl Gaasperech" souwéi "Alpa" ze spenden. Samschdeg, de 14. Januar 2023, hunn d'Schülerinnen am Akafszenter Opkorn zu Déifferdeng en Informatiouns- a Sensibiliséierungsaktioun organiséiert, wou och eng Ëmfro gemaach ginn ass. Des Ëmfro war geduet fir erauszefannen, wéi d’Reaktioun an d’Meenung vun de Leit ass wann en Déier Affer vu Mëssbrauch ass an och ob d'Léit Hausdéieren besetzen etc.

#LTB #kooperativ #innovativ #engagéiert #SectionCommerce #Gestiondeprojet #Formationprofessionnelle #STOPMALTRAITANCEANIMALE

Retour aux articles