20230201 6P1 Mosaik Euro SPace CenterskNWUIOcxl1k8sc69vsqvhl4LW95cANe

Am Kader vun der Culture générale an dem Thema "Eise Weltall erfuerschen" hunn d'Schüler vun de Klasse 6P1 a Mosaïk un engem Stage am Euro Space Center zu Transinne an der Belsch deelgeholl, fir d'Geheimnisser vum Universum méi no ze entdecken. Nodeems d'Schüler a Gruppe Rakéite gebastelt an ënner Opsiicht an d'Luucht geschoss hunn, konnte si op verschidde Simulatore wéi dem Multiachse-, Rotatiouns- a Moonwalk-Stull üben, fir d'Liewe vun den Astronauten nozëempfannen. Uschléissend goung et weider an eng 5D Space Show an op d’Spacetour mat Audioguides ekippéiert fir d’Wëssen iwwer eise Sonnesystem an d'Geschicht vun der Entdeckung vum Weltraum ze verdéiwen. Et war eng super flott Experienz!

#LTB #kooperativ #innovativ #engagéiert #6P1 #ClasseMosaik #Voiedeprépraration

Retour aux articles