Links

webuntis_icon64 FE_icon64 365education

LTB @ Rapmarathon

Och dëst Joër ass den LTB ërem beim Rapmarathon derbäi: 2 Klassen maachen mat: D’ACCU1 an der Catégorie HipHop Danse an d‘7-8-9MO3 an der Catégorie Graffiti.

Den Rapmarathon 2015 steet ënnert dem Motto: Slow DOWN– mat wei enger Vitesse geet een duerch d’Liewen?  Am März koum den Graffiti Sprayer Yves-Laurent Grosbusch an d’Klasse an huet mat de Schüler de Graffiti opgebaut. Dir fannt en op der südlecher Fassade vum LTB ( hannen bei den Sportsfelder). D’Schüler sin beim Sprayen gefilmt gin an den Video gëtt an den 4 Séancen vum LIVE-Rapmarathon am Traffo an der Stad, am Kulturhaus zu Miersch an an der KUFA zu Esch gewisen.