20220701 ParisIMG 20220701 164122

Den 1. Juli fueren d’Schüler vun der 3GSO2 am Kader vun enger Visite éducative mam TGV op Paräis. Um Programm steet moies de Louvre, wou dem Leonardo da Vinci seng incontournabel Mona Lisa, déi ee mat hirem Bléck net méi lass léisst, och deen Dag nees vill Jonker begeeschtert. Am Nomëtteg ass et en Tour mam Batobus, wou een déi wichtegst Monumenter vu Paräis ka vun der Seine hier bestaunen, wéi den Eiffeltuerm, d’Notre-Dame, de Musée d’Orsay, d’Conciergerie, den Obélisque, de Louvre, an an an… Kuerz gesot, eng gelonge Rees mat super Leit! #LTB #kooperativ #innovativ #engagéiert #voyageéducatif #SectionSO

Retour aux articles