Erasmus+1

Hei ee Message aus Däitschland, wou de Moment 5 Schüler an 3 Enseignanten am Kader vum Projet #Erasmus+ aner Schoulen a Kulture kenneléieren.

#LTB #Kooperativ #CycleInférieur #Erasmus, #UE, #Europe

Erasmus+ Gymnasium Waldkraiburg IES Alcalans Montserrat A komáromi Marianum Egyházi Iskolaközpont hivatalos oldala

E schéine Bonjour aus Waldkraiburg am hierschtleche Bayern un d’ganz Communautéit vum LTB!

Mir si mat enger Equipe vun 5 Schüler an 3 Enseignanten den 13. Oktober géint 17h30 gutt zu Waldkraiburg ukomm. Eis Schüler goufen direkt vun den Famillen, bei deene si dës Woch verbréngen, begréisst an konnten duerno hier Kollegen aus Däitschland, der Slowakei a Spuenien an engem Restaurant kenne léieren. Zur selwechter Zäit konnte sech och d´Enseignanten aus de 4 Länner bei engem Owesiessen niewendru begéinen an hunn de Programme fir d’Woch beschwat. Alles am Zeechen vun der europäescher Kooperatioun!

Hei en Témoignage vum Cheyenne : Ech hunn d’Rees mam Fliger immens genoss an soe Merci der EU an dem Erasmus+ Projet fir di Opportunitéit, eng Rees bis an Bayern an en Austausch mat villen Mënschen aus verschiddenen EU-Länner ze maachen. Ech gouf gutt vun menger Gaaschtfamill begréisst a freeë mech op de weidere Verlaf vun der Woch.

Den Zitat vum Dag kënnt haut vun de bayreschen Enseignanten: „Passt Scho“ – dat kréien mir schonns hin!

An dësem Sënn: Servus!

Eis Schüler Cheyenne, Favour an Oliver vun der 6P1 an d’Ana Sofia a Manuel vun der 5P1 gi begleet vun hiren Enseignangten Lydie Gaspar, Charel Biver an Max Baden.

Trulli

 

Retour aux articles