20200114 092206

Dësen Dënschdeg 14.1 kruten d’Schüler vun der Klass 6P1, am Kader vun der Beruffsorientéierung ronderëm de Beruff vum Verkafsberoder a Magasinier d'Geleeënheet eng Visitt vum Supermarché Cactus Houwald ze maachen. Zesumme mat dem Här Cecchetti aus der Direktioun Food hu si eng Féierung duerch de Supermarché gemaach. Heibäi kruten eis Schüler déi eenzel Rayonen esou wéi d’Lager gewisen an erkläert wéi de Wee vun der Liwwerung bis bäi de Verkaf vun der Wuer funktionéiert. Och konnte si en Abléck kréien, wat fir eng Beruffer hei beschäftegt sinn, wéi hiren Aarbechtsoflaf ass an op wat de Betrib vill Wäert leet wéi de frëndlechen Empfank vum Client an eng gutt Berodung. Mir soen dem Här Cecchetti e ganz grousse Merci fir dës flott an interessant Visitt. 

#LTB #Orientation #CycleInférieur #6P1

Retour aux articles