GraffitiIMG 9277

Um Dënschden Moie war 7P2 op Besuch beim Radio Ara, méi genee bei der Jugendsendung Graffiti. Mir hunn eis d'Raimlechkeeten ugekuckt a konnten am Studio wärend enger Live-Moderatioun derbäi sinn. Duerno konnte mir eis selwer als Speaker üben an hunn een deen aner interviewt. E grousse Merci der Mme Manon Bissen fir d'Féierung an d'Gedold.

#Communauté #Innovativ #Kooperativ #Engagéiert #Tim #Orientation #PadUcation_LTB #Cycle_Inférieur

Retour aux articles