FoPro2020 0

D‘Formation professionelle ass villfälteg a fërdert vill Talenter an de verschiddenste Beräicher.

Weis, wat deng Formatioun besonnesch mécht a gewann e flotte Kaddo!

https://schouldoheem.lu/lu/news/general/2020-04/fopro2020

1. Wiel e konkrete Projet! Eppes wat s du an denger Formatioun léiers a kënne muss (programméier, renovéier, dekoréier, erstell, kreéier...).

2. Film, wéi s du virgees a wat s du brauchs fir zu dengem Endproduit ze kommen! Kommentéier deng Virgoensweis. Denger Kreativitéit si keng Grenze gesat! De Video soll net méi laang wéi 5 Minutte sinn.

3. Lued däi Film bis de 24. Abrëll op Instagram erop mam Hashtag #FoPro2020 an dem Hashtag vun denger Formatioun (z.B. #DAPcoiffeur, #DTinformatik).

4. Kuck dir déi aner Filmer un a LIKE

De Video mat de meeschte Likes gewënnt!
Deadline: de 27. Abrëll um 15 Auer.

Ameséier dech, sief kreativ, gëff dech drun, LIKE? fläisseg a maach Reklamm.

Mir freeën eis op däi Bäitrag!

Retour aux articles