20230428 SchoulgaartOhinEQtN7k9N598m1MgEMsJKSM8hBzKE

Et ass Fréijoer an eisem Schoulgaart! An a ronderëm eise Schoulgaart gëtt erëm fläisseg geschafft. D'Schüler vun de Klasse 7P1, 7P2, 6P1 a 6P2 engagéieren a beschäftege sech verschiddenaarteg mam Sujet « Léieren am Gaart ». Esou hu si zum Thema Déieren am Gaart Villerchershaiser gebaut, an der Klass mat Som experimentéiert a Geméis virgeséit an an eisem Schoulgaart zesumme mat der Ekipp vum CIGL schonns gegruewen, geséit a geplanzt.

#LTB #kooperativ #iinovativ #engagéiert #Schoulgaart #Voiedepréparation

Retour aux articles