Schoulgaart

20160708 projet schoulgaart
20210922 SchoulgaartI1IlOnPFrB39o5g85llolqmHzMPbI4d6
20210922 SchoulgaartbEkTN9aKFmGv4Oy2e3eabRCClsJVuwPC
20210922 Schoulgaartq4MQDWDJ11uLdxpbl9WeT4lTNvcpH98T

Eise  Schoulgaart – e Projet fir d’Schüler op eis Ëmwelt an Ernährung opmierksam ze maachen

 

De Grondgedanke fir e Schoulgaart an eisem Lycée unzeleeë war, den Unterrecht vun de Naturwëssenschaften no baussen ze verleeën an doduerch d’Schüler fir d’Natur ze begeeschteren.

De Schüler soll d’Méiglechkeet kréien handlungsorientéiert, praktesch a mat alle Sënner d’Saisonen dobaussen ze erliewen. Well hien hëlleft de Schoulgaart selwer ze betreien, gesäit hie wéi d’Geméis an d’Uebst gezillt gëtt. Hie muss sech bewegen, plangen, mam Gaardegeschir richteg ëmgoen, sech dem Wieder upassen, sech këmmeren, an der Équipe schaffen, Verantwortung droen, Gedold hunn, experimentéieren an a Kaf huelen dat eppes net geléngt.

E besonnescht Erliefnes ass da fir dat zeidegt Uebst a Geméis an och d’Gewierzer kënnen ze récoltéieren, ze richen an ze schmaachen. Esou kann dem Schüler zousätzlech nach e Grondwëssen iwwert e gesond Iesse vermëttelt ginn.

D’Gaardenaarbecht gëtt awer och dem Schüler d’Méiglechkeet am an iwwert dem Buedem enger Onmass un Déieren ze begéinen a kennen ze léieren.

All dës Erfahrungen droe sécherlech derzou bäi dat déi Jonk eng positiv Relatioun zur Natur entwéckelen a respektvoll mat hirer Ëmwelt wäerten ëmgoen.